home
home

 

 

 

 

 

No 25 Joer geet de Familljebetrib weider, de John Peters geet an d´ Pensioun

            an säi Jong de Jan Peters iwwerhëlt d´ Käerzefabrik.

  Sou kann deen ale Chef mat rouegem Gewëssen an d´ Pensioun goen.

   

           

 

                  Alles Guddes :)

                      

     Zënter 25 Joer gehéiert d´Käerzefabrik elo schonn dem John Peters,

an ass zu engem richtege Familjebetrib gin. Prost  a mir soen all eise Clientë

                     MERCI well ouni iech géif et eis net mei ginn.

 Eis nei Dafkäerzen:

 

 

 

 

 

 

D Käerzefabrik wënscht jiidderengem vill Gléck am neien Joer!              

 

 

 

 

Am Mäerz 2012 hate mir d'Éier, den neien Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich ze begréissen.

 

 

 

 

 Am Februar 2011 hu mir der Schwëster Joseph ee Scheck vu 15 000 € iwwerreecht, fir hir Projëten op Haiti ze ënnerstëtzen. Dës Zomm ass am Laf vum Joer zesummekomm duerch de Verkaf vun Téiliichterchersglieser (mam Opdrock „Haiti Merci fir deng Hëllef“) an a Kooperatioun mat der Schoul vun Harel an engagéierten Privatleit.

 


 

 

 

Nodeems d'Käerzefabrik joerelaang hire Sëtz zu Esch-Sauer hat, si mir den 2. Januar 2009 op Heischent an eis nei Raimlechkeeten mat enger Gesamtfläch vun 1600 m2 dovun 300 m2 Geschäft  an der Z.A. Clemensbongert geplënnert. Den 23.11.2009 gouf dat neit Gebai feierlech ageweit, dëst duerch den Äerzbëschof Fernand Franck.

 

 

 

 

 

ENGLISH